Séi vu Retournemer
De Séi vu Retournemer läit um Territoire vun der Gemeng Xonrupt-Longemer am franséischen Departement Vosges.
Et ass e Séi, deen aus der Äiszäit staamt. Duerch de Séi leeft d'Vologne.
Moossen
änneren- Breet: 320 m
- Längt: 250 m
- Fläch: 5,25 ha.
- Héicht: 776 m
- Duerchschnëttsdéift: 11,50 m.
D'Enstoe vun der Vallée des lacs
ännerenAm Laf vum Äiszäitalter waren d'Vogesen e puermol vu Gletscher bedeckt, an déi dräi Séien an der Vallée des lacs stamen aus der leschter Period der Würmäiszäit (80.000 - 10.000 v. Chr.).
- Den éischte Séi, de Séi vu Retournemer ass e Séi deen an engem Äiszäitzirkus läit.
- Den Zweeten, de Séi vu Longemer ass an engem Baseng am ale Bett vum Gletscher.
- Den Drëtten, de Séi vu Gérardmer gëtt vun enger Endmorän gestaut, déi den Dall definitiv no ënnen zoumécht.