De Séi vu Longemer ass eng vun den Héichbuerge vum Tourismus an de Vogesen, an der Gemeng Xonrupt.

Séi vu Longemer

Duerch de Séi, deen aus der Äiszäit staamt, leeft d'Vologne.

De Séi huet eng Fläch vu 76 ha, an ass 1.950 Meter laang, a 550 Meter breet. Seng geographesch Koordinate sinn: 48° 04’ 15’’ N 06° 57’ 03’’ O

Um Westufer vum Séi steet eng kleng Kapell déi dem hellege Florent geweit ass. Si gouf 1449 gebaut, ass duerno awer zerfall, a gouf 1727 erëm nei opgeriicht. Si steet do wou den Einsiidler Bilon, e fréieren Offizéier vum Gérard I. vu Loutrengen, eng Gebietsplaz ageriicht hat.

D'Enstoe vun der Vallée des lacs änneren

Am Laf vum Äiszäitalter waren d'Vogesen e puermol vu Gletscher bedeckt an déi dräi Séien an der Vallée des lacs stamen aus der leschter Period, der Würmäiszäit (80.000 - 10.000 v. Chr.).