De Sébastien (oder Sebasti(a)an) van Noyen vun Utrecht, gebuer ëm 1493 a gestuerwen de 15. Juni 1557, war en hollännesche Militär- a Stadarchitekt.

Sébastien van Noyen
Gebuer 1523 jul.
Gestuerwen 15. Juni 1557
Aktivitéit Architekt

Vun him ass ë. a. e Plang fir d'Rekonstruktioun vun der Stad Lëtzebuerg no der Explosioun vun engem Polvermagaséng 1554 an dem Feier duerno. Dee Plang gouf 1561 dem Kinnek virgestallt. De van Noyen huet ë. a. d'Groussgaass verbreeden an d'Plëss d'Arem an d'Paschtoueschgaass uleeë gelooss. Am typesche Renaissancesstil huet hien duerno gekuckt, datt d'Stroosse méiglechst riicht a rechtwénkleg zouenenee sollte sinn. Net alles vum Plang ass realiséiert ginn, munneches och eréischt méi spéit.[1]

Och den neizäitleche 5-eckege Grondrëss vu Philippeville, an der Belsch, mat senger zentraler Plaz, geet op hien zeréck.[2], an hie war, zesumme mam Donato di Boni an Gianmaria Olgiati, ee vun den Architekte vun der éischter Zitadell vun Namouer (gebaut 1542- 1559).

Referenzen änneren

  1. Jemp Kunnert: "Moments d'urbanisme." In: ons stad 21, 1986, S.2-5.
  2. http://www.philippeville.be/HTML/Philippeville/Villages/philippeville/histoire.php