E Säkularjoer (lat. saeculum, Joerhonnert) ass e Joer, dat e Joerhonnert ofschléisst, wéi beispillsweis d'Joer 1900 oder 2000.

Am Gregorianesche Kalenner sinn, am Géigesaz zum Julianesche Kalenner, déi net duerch 400 deelbar Säkularjoer keng Schaltjoer.

An de Joren 1700, 1800 an 1900 hat de Februar nëmmen 28 Deeg, an am Joer 2100 geet dat nees sou.