São Tomé[1] ass déi gréisst vun den zwou Haaptinsele vum afrikaneschen Inselstaat São Tomé a Príncipe an huet ongeféier 133.600 Awunner (Stand: 2004).

D'Insel São Tomé südwestlech vu Príncipe
Den héchste Bierg Pico de São Tomé (2024m)

Geographie änneren

D'Insel ass 48 km laang an 32 km breet mat enger Fläch vu 859 km2. De Pico de São Tomé ass mat 2024 m den héchste Bierg.

Zesumme mat deene klengen Insele ronderëm bilt si d'Provënz São Tomé mat der Provënzhaaptstat São Tomé. D'Provënz São Tomé ass a 6 Distrikter opgedeelt (Água Grande, Cantagalo, Caué, Lembá, Lobata a Mé-Zóchi).

 
Fëscher bréngen hire Fank u Land op der Insel São Tomé

Referenzen änneren

  1. São Tomé bedeit op Portugisesch "Hellege Thomas"

Um Spaweck änneren

Commons: São Tomé – Biller, Videoen oder Audiodateien