Russinesch
Russinesch русиньска бесїда, русиньскый язык | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Ukrain, Polen, Slowakei, Rumänien, Serbien, USA, Kanada an anere Länner |
Regioun: | Zentral- an Osteuropa |
Gëtt geschwat vun: | 636.000[1] |
Klassement: | |
Klassifikatioun no Famill: | Indo-Europäesch |
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Vojvodina |
Reglementéiert vun: | |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | |
ISO 639-2 | |
ISO 639-3 | rue |
Russinesch (русиньска бесїда oder русиньскый язык) ass eng Grupp vun ostslaweschen Dialekter, déi an de Karpaten am Grenzgebitt vun der Ukrain, Polen, der Slowakei, Rumänien a Serbien geschwat ginn. Si ass enk Famill mam Ukraineschen. D'Fro, ob d'Russinesch als eng selbstänneg Sprooch oder en ukraineschen Dialekt ugesi muss ginn, ass politesch héichkomplizéiert a kontroverséiert. D'Russinesch ass eng vun den offizielle Sproochen an der Vojvodina (Serbien) an huet de Status vun enger Minoritéitssprooch a Polen an an der Slowakei. Zesummen hunn d'russinesch Dialekter ëm déi 623.000 Spriecher.
Déi bedeitendst russinesch Dialekter sinn:
- Lemko-Russinesch oder Rusnakesch (Polen, Slowakei)
- Bojko-Russinesch (Oblast Transkarpatien an der Ukrain)
- Huzulesch (Oblast Tschernowzy an der Ukrain, Bukowina an Rumänien)
- Pannonescht Russinesch (Vojvodina a Serbien)