De Ruisseau d'Asse ass eng belsch Baach an der Provënz Léck, an e lénksen Niewefloss vun der Berwinne.

Ruisseau d'Asse
De Ruisseau d'Asse zu Mortroux
Hydrographesche
Baseng
Meuse-Baseng
Originn
Originn Zesummefloss
Plaz Julémont - Asse
Héicht 160 m
Koordinaten 50° 41’ 22.15’’ N
      05° 47’ 01.12’’ O
Konfluenz
Leeft an Berwinne
Plaz Mortroux
Héicht 101 m
Koordinaten 50° 42’ 55.18’’ N
      05° 44’ 59.29’’ O
Haaptnieweflëss Ruisseau de Monty
Ruisseau de Rosmel
Geographie
Land Belsch
Regioun Plateau de Herve

D'Baach entsteet aus dem Zesummefloss vun zwou klenge Baachen dem Ruisseau de Rosmel an dem Ruisseau de Monty um Lieu-dit Coronmeuse ëstlech vu Julémont op enger Héicht vu ronn 160 Meter. Si leeft vun do aus an nordwestlecher Richtung an engem schmuelen Dall laanscht de Bois de Mortroux, an d'Follmille vu Mortroux, fir da matzen duerch d'Uertschaft Mortroux ze lafen. Op enger Héicht vun 101 Meter (ING Belsch), nieft der Nationale N627, am Ausgank vu Mortroux, leeft se dann an d'Berwinne.

D'Baach ass ronn 5 Kilometer laang.

Um Spaweck änneren

Commons: Ri d'Asse – Biller, Videoen oder Audiodateien