Rubin Carter

amerikanesche Boxer

De Rubin "Hurricane" Carter, gebuer de 6. Mee 1937 zu Clifton, New Jersey, a gestuerwen den 20. Abrëll 2014 zu Toronto, Ontario, war en US-amerikanesche Mëttelgewiichtsboxer, deen tëscht 1961 an 1966 aktiv war. 1966 koum e wéinst Muerd an de Prisong a gouf eréischt 1985 fräigelooss, nodeem de Prozess nei opgeholl gouf, an e fräigesprach gouf.

Rubin Carter
Gebuer 6. Mee 1937
Gestuerwen 20. Abrëll 2014
Toronto
Doudesursaach Prostatakriibs
Nationalitéit USA, Kanada
Aktivitéit Boxer
Gréisst 173 Zentimeter

De Carter huet vu sengen am Ganze 40 Boxmatcher der 27 gewonnen, dovun 12 duerch k.o., 12 verluer, an 2 goungen onentscheet aus.

1966 gouf hien, zesumme mat engem Kolleeg, vun enger Jury zu dräi Mol liewenslänglech verurteelt, well si dräi Wäisser ëmbruecht sollen hunn. Well si op hir Onschold insistéiert hunn, gouf de Prozess nees opgeholl, ma 1976 gouf d'Uerteel confirméiert. Eréischt 1985 konnt en neien Appellsprozess lancéiert ginn, bei deem e Bundesgeriicht festgestallt huet, datt schwéier Prozedurfeeler gemaach gi wieren, soudatt d'Uklo fale gelooss gouf. De Fall ass deemno als Justizskandal an d'US-amerikanesch Droits-Geschicht agaangen. Virdru schonn hate sech Prominenter fir d'Fräiloosse vum Carter engagéiert, dorënner de Boxer Muhammad Ali an de Sänger Bob Dylan, deen 1975 fir hien de Song Hurricane geschriwwen huet.

Nodeem de Carter fräigelooss gouf, goung hien a Kanada wunnen, wou e President vun der Association in Defense of the Wrongfully Convicted gouf, déi sech fir zu Onrecht Verurteelter asetzt.

Seng Geschicht gouf 1999 ënner dem Titel Hurricane mam Denzel Washington an der Haaptroll verfilmt.

Literatur änneren

  • Ulf Harms: Glanz und Elend des Boxers Rubin Carter. Tatsachen, Band 317. Militärverlag der Deutschen Demokratischen Republik, Berlin 1988; ISBN 3-327-00616-4
  • Rubin „Hurricane“ Carter: The 16th Round (Autobiografie); New York: Viking Press, 1974; ISBN 0670647500. Neuauflage: Chicago, Illinois: Lawrence Hill, 2011; ISBN 9781569765678
  • Sam Chaiton & Terry Swinton: Hurricane. Die wahre Geschichte des Rubin „Hurricane“ Carter (Taschenbuch) Goldmann; ISBN 3-442-44715-1

Um Spaweck änneren

Commons: Rubin Carter – Biller, Videoen oder Audiodateien