Royal Caribbean Cruise Line

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Royal Caribbean International (RCI) ass eng norwegesch-amerikanesch Reederei, déi Croisièren ubitt an zu Miami, Florida hiren Haptsëtz huet. D'Aktië vun der Gesellschat ginn op der gréisster Bourse vun der Welt, dem New York Stock Exchange, gehandelt[1].

Royal Caribbean Cruise Line
U.S. Haaptsëtz zu Miami, Florida.
D'Independence of the Seas

D'Royal Caribbean International ass d'Kennzeeche vun der Royal Caribbean Cruise Line, déi 21 Schëffer am Déngscht an nach anerer am Bau huet. All déi Schëffer hunn hanner hirem Numm d'Bezeechnung of the Seas. Zu där Cruise Line gehéieren och Festival Cruises, Pullmantur Cruises an Azamara.

Schëffsklassen a Schëffer änneren

Jiddwer Schëff vun der Royal Caribbean Cruise Line huet eng Panorama-Lounge uewen um Schëff, mam Numm Viking Crown Lounge, Klotermaueren, Baren, Theatersäll, Spazentren, Fittnesraim an Haapt- an Niewerestauranten.

Oasis Klass änneren

Dat éischt Schëff vun där Klass soll d'Freedom-Klass-Schëffer als gréisst Passagéierschëffer vun der Welt nach iwwertrompen. Seng Ferdegstellung ass fir den Hierscht 2009 geplangt. Et soll bis zu 5.400 Passagéier kennen ophuelen (bei der duebeler Besetzung vun de Kabinnen), an eng Waasserverdrängung vu 220,000 BRT hunn.

Freedom Klass änneren

D'Freedom Class gruppéiert déi rezents Schëffer, déi virun 2009 vun der Royal Caribbean Cruise Line exploitéiert gi sinn.

D' Freedom of the Seas huet de 24. Abrëll 2006 d'Werft Aker Yards zu Turku, Finnland verlooss. No engem kuerzen Openthalt zu Hamburg gouf se zu New York gedeeft an huet de 4. Juni 2006 hir éischt offiziell Croisière gemaach. Dat zweet Schëff, d'Liberty of the Seas, gouf am Mee 2007 ausgeliwwert an ass an der Karibik am Déngscht. Mat enger BRZ vun 154 407 Tonnen, ass se mat der Independence of the Seas (2008 an Déngscht geholl) dat gréisst Schëff vun der Welt a méi grouss wéi d'RMS Queen Mary 2.

Voyager Klass änneren

Radiance Klass änneren

Vision Klass änneren

Sovereign Klass änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Royal Caribbean ships – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. MarketWatch: RCL Profile