Roy Hargrove

US-amerikaneschen Trompettist a Komponist

De Roy Anthony Hargrove, gebuer de 16. Oktober 1969 zu Waco am Texas, a gestuerwen den 2. November 2018[1][2] zu New York City, war en US-amerikaneschen Jazz- a Funk-Trompettist.

Roy Hargrove
Gebuer 16. Oktober 1969
Waco
Gestuerwen 2. November 2018
New York
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun The New School,
Berklee College of Music
Aktivitéit Trompettist, Jazzmuseker
De Roy Hargrove zu Freiburg (Juli 2018)

Säi Liewen änneren

De Roy Hargrove gouf vum Wynton Marsalis entdeckt, wéi deen op enger Visitt am Hargrove senger Highschool zu Dallas war. Hie gouf staark vum Saxophonist David „Fathead“ Newman beaflosst, wéi deen zesumme mam Ray Charles a senger Highschool opgetrueden ass. Den Hargrove huet vun 1988 bis 1989 am Berklee College of Music zu Boston studéiert, ass awer zu där Zäit schonn dacks zu New York opgetrueden an ass dunn och op d' The New School gewiesselt. Do huet hien och seng éischt Opnamen zesumme mam Saxophonist Bobby Watson gemaacht. Et koumen nach Opname mat Superblue, Mulgrew Miller a Kenny Washington dobäi. 1990 huet hie säin éischte Soloalbum Diamond an the Rough erausginn.

Dem Hargrove säi Plackelabel Verve huet him et erlaabt Opname mat ville Gréisste vum Jazz ze realiséieren, ënner anerem mam Joe Henderson, Stanley Turrentine, Johnny Griffin, Joshua Redman a mam Branford Marsalis. Am Optrag vum Lincoln Center Jazz Orchestra huet hien 1993 The Love Suite: Mahogany komponéiert.

De Roy Hargrove huet mat den ënnerschiddlechste Museker geschafft. Am Ufank huet hien dacks zesumme mat der Shirley Verdingt (live an op Placken) an och mat der Kitty Margolis gespillt. Hien huet mat der Erykah Badu, mam Common, D'Angelo a mat der Me'shell Ndegeocello zesummegeschafft. 1998 krut hien de Grammy Award fir säin Album Habana mat senger kubanescher Band Crisol. 2002 huet hien de Grammy eng zweet Kéier gewonnen, déi Kéier zesumme mam Herbie Hancock a mam Michael Brecker fir den Album Directions in Music.

Vun engem Geriicht zu Manhattan gouf de Hargrove 2014 zu zwéin Deeg Gemeinschaftsaarbecht verurteelt, well hie beim Kaf vu Kokain erwëscht gi war[3].

Den Hargrove war de Grënner a Chef vun der Formatioun The RH Factor, mat där hien Elementer vu Jazz, Funk, Hip Hop, Soul a Gospel kombinéiert huet. Seng Kompositioun „Strasbourg-Saint-Denis“ ass ee vu senge bekanntsten Titelen.

Nodeems den Hargrove am Zesummenhang mat enger laangjäregen Nierenerkrankung an engem New Yorker Spidol ageliwwert gi war, ass hien den 2. November 2018 am Alter vun 49 Joer un Häerzversoe gestuerwen[2].

Discographie (Auswiel) änneren

  • Diamond in the Rough (Novus, 1989)
  • Public Eye (1991 mat: Roy Hargrove, Billy Higgins, Antonio Hart, Stephen Scott, Christian McBride)
  • Tokyo Sessions (1992)
  • Beauty and the Beast (BMG, 1992)
  • Of Kindred Souls (Novus, 1993)
  • With the Tenors of our Times (Verve, 1994 mat: Johnny Griffin, Joe Henderson, Branford Marsalis, Joshua Redman, Stanley Turrentine)
  • Approaching Standards (Novus/Jive, 1994)
  • Family (Verve, 1995)
  • Parker’s Mood: Tribute to Charlie Parker (Verve, 1995, mat: Christian McBride a Stephen Scott)
  • Habana (Verve, 1997)
  • Moment to Moment (Verve, 2000)
  • Directions in Music (Verve, 2002, mat: Herbie Hancock a Michael Brecker)
  • Strength – EP (Verve, 2004, mat: The RH Factor)
  • Hard Groove (Verve 2003, mat: The RH Factor)
  • Better Times Ahead (Sideman) (Verve, 2006, gefeat. vum Anke Helfrich Trio)
  • Distractions (Verve, 2006, mat: The RH Factor)
  • Nothing Serious (Verve, 2006)
  • Earfood (Emarcy Rec, 2008)
  • Emergence (Verve, 2009, mat: Big Band)
  • A Night in Monte-Carlo (2010 3 Deuce Records, mat: Marcus Miller an Raul Midón)
  • Live in Studio (Whaling City Sound; 2015)

Um Spaweck änneren

Commons: Roy Hargrove – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Jazz-Trompettist Roy Hargrove am Alter vun nëmmen 49 Joer gestuerwen op rtl.lu de 5. November 2018, fir d'lescht gekuckt de 5. November 2018
  2. 2,0 2,1 Roy Hargrove, Grammy-Winning Jazz Trumpeter, Dies At 49 op npr.org vum 3.
  3. 2014: The Year an Jazz, All About Jazz vum 5. Januar 2015, fir d'lescht gekuckt de 6. Januar 2015