De Ronald Arthur Biggs, gebuer den 8. August 1929 am Londoner Stadbezierk Lambeth, war e Member vun enger brittescher Raiberband, déi den 8. August 1963 bei der Bridego-Eisenbunnsbréck zu Ledburn de kinnekleche Postzuch vu Glasgow op London iwwerfall, an 2,63 Millioune Pond geklaut hat. Den Iwwerfall gouf ënner dem Numm The Great Train Robbery bekannt.

Ronald Biggs
Gebuer 8. August 1929
Gestuerwen 18. Dezember 2013
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Brasilien
Aktivitéit Zammermann, Autobiograph, Sänger, Dréibuchauteur

No an no waren d'Membere vun der Band vun der Police festgeholl ginn. De Biggs konnt sech 1965 aus dem Stëbs maachen, an huet a Brasilien gewunnt. Well hien do e Bouf hat, huet d'Land en net missen ausliwweren. 2001 koum hie fräiwëlleg hannescht, wou hien zanter dem 7. Mee vun deem Joer am Belmarsh-Prisong seng drëssegjäreg Strof ofsëtzt.

Seng Demande fir éischter entlooss ze ginn, gouf den 1. Juli 2009 vum brittesche Justizminister Jack Straw refuséiert.[1]

Referenzen

änneren
  1. Posträuber Biggs bleibt im Knast, Blick online, vum 1. Juli 2009.