Roland Hensgen

lëtzebuergesche Museker
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Roland Hensgen, gebuer de 7. August 1951 zu Izeg a gestuerwen de 25. Januar 1995 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Saxophonist an Dirigent.[1]

Roland Hensgen
Gebuer 7. August 1951
Izeg
Gestuerwen 25. Januar 1995
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Musekspedagog, Dirigent, Museker
Famill
Kanner Tim Hensgen, Tom Hensgen

Vun 1990 bis zu sengem Doud war hien Direkter vum Stater Conservatoire, vun 1987 un Dirigent vum Orchestre d'Harmonie vum Conservatoire an 1989/1990 vum Orchestre d'Harmonie des Jeunes des Communautés Européennes.

Hie war de Papp vun den Zwillingen Tim an Tom Hensgen.

Referenzen änneren

  1. (de)Zum Gedenken - Roland Hensgen. Ons Stad 48. Stad Lëtzebuerg (1995). Gekuckt de(n) 10. Mee 2023.