De Roger Wohlfart, gebuer den 1. Mäerz 1944 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler, Karikaturist a pensionéierte Professer.

Roger Wohlfart
Gebuer 1. Mäerz 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Karikaturist
Famill
Papp Joseph Wohlfart
Geschwëster Georges Wohlfart

Säi Papp war de Joseph Wohlfart. Hie wunnt zu Aasselscheier.

De Roger Wohlfart ass zanter 1970 mat der Mady Dostert bestuet an ass Papp vun zwee Kanner.

De Roger Wohlfart schreift: Meeschtens liwwert de ganz banalen Alldag d'Virlagen zu menge Cartoons. Ech mole komesch, net onbedéngt ëmmer lëschteg Situatiounen déi mir a mengem direkten Ëmfeld oder dobaussen an der Gesellschaft opfalen. Oft huelen ech mech selwer op d'Schëpp, well ech der Meenung sinn, datt ee sech net all ze eescht soll huelen. Ech molen awer haaptsächlech well et mir Spaass mécht. Mat menge Karikature wëll ech awer net nëmme meng Matmënschen zum Schmunzele bréngen, awer och zum geneeën Hikucken an Nodenken ureegen.

An den 1960er Jore war de Roger Wohlfart ee vun de beschte lëtzebuergesche Mëttel-a Laangstreckeleefer. Hie war ë. a. LASEL-Crossmeeschter. Als erfollegräiche Stroossen-a Marathonleefer, ass hie Matgrënner vum Wallfer Vollekslaf a vum Spiridon Lëtzebuerg.

Perséinlech Ausstellungen (Auswiel) änneren

  • Galerie Flatzbour
  • Centre sportif Kockelscheier
  • Galerie Maartkräiz Heischent
  • Theaterstuff Lëtzebuerg
  • Centre culturel Schwéibseng
  • Galerie Dominique Lang Diddeleng.

Publikatiounen änneren

  • Wohlfart, Roger, 2009. Aus der Këscht: fir ze laachen a manner Eeschtes, Roger Wohlfart, Uesselscheier.
  • Wohlfart, Roger, 2010. O Jéminee. Éditions Revue, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919999-60-6.
  • Wohlfart, Roger, 2011. Wat Saachen. Éditions Revue, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919999-68-2.
  • Wohlfart Roger, 2012. Sapperlot, Roger Wohlfart, Uesselscheier
  • Wohlfart Roger, 2014. jenni & menni a soss grouss Geeschter. Éditions Revue. Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-898-4-2

Éierungen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Distinctions honorifiques du ministère de l'Education nationale de la Formation professionnelle et des Sports. gouvernement.lu (2003-03-06). Gekuckt de(n) 2022-04-12.