Roger Michel Erasmy
lëtzebuergeschen Auteur
De Roger Michel Erasmy, gebuer de 7. Juni 1939 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 3. November 2015 zu Perpignan[1], war e lëtzebuergeschen Auteur. Hien ass virun allem bekannt fir seng Wierker iwwer de surrealistesche Moler Salvador Dalí.
Roger Michel Erasmy | |
---|---|
Gebuer |
7. Juni 1939 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
3. November 2015 Jurançon |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Moler, Schrëftsteller |
De Roger Erasmy war Directeur commercial an enger franséischer Firma an dono Sekretär an der Wirtschaftssektioun vun der Franséischer Ambassade zu Lëtzebuerg. A senge Bicher iwwer den Dali erkläert hie seng Theorie, datt den Dali seng Molerei eng Zort Virahnung vun Evenementer ëm d'Jordausendwenn wier.[2]
Hien huet 1989-1990 e Bicherfestival zu Salies-du-Salat (Haute-Garonne) organiséiert a war Editeur vun der Zäitschrëft Petit Courrier Culturel Abrégé.
Wierker
änneren- Le Mystère de la gare de Perpignan. R. M. Erasmy, 1985. (BNF 34776284)
- Codex Dalianus. Indicateur ésoterique des prévisions paranoïaques-critiques de Salvador Dali. Rasiguères, R. M. Erasmy, 1987. ISBN 2-87956-001-2
- L'apothéose du Dollar. R. M. Erasmy, 2004. ISBN 2-87956-005-5
- Visions d'un monde nouveau. R. M. Erasmy, 2012. ISBN 2-87956-007-1
Gielercher
änneren- Chevalier de l'Ordre du Mérite A.D.N Luxembourg, 1972.[3]
Um Spaweck
änneren- erasmy-dali.com, dem Roger Erasmy seng Homepage.
Referenzen
änneren- ↑ http://www.rtl.lu/kultur/738533.html
- ↑ La Voix du Luxembourg, 5 octobre 2001
- ↑ International Biographical Art Dictionary - Édition 91/92