De Roger Lenert, gebuer den 9. Januar 1938 zu Gouschteng,[1] ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a Schoulmeeschter.

Roger Lenert
Gebuer 9. Januar 1938
Gouschteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Partei CSV
Famill
Kanner Paul Lenert

Hie war vun 1970 bis 2005 Buergermeeschter vun der Gemeng Fluessweiler a vun 1979 bis 1989 Deputéierten an der Chamber.[2]

Hien ass de Papp vum lëtzebuergeschen Ekonomist a Journalist Paul Lenert.

Hie war vun 1959 bis 1966 Schoulmeeschter an der Primärschoul zu Nidderdonven, vun 1966 bis 1979 huet hien am Centre socio-éducatif de l'État zu Dräibuer Schoul gehal. Nodeems hien net méi an d'Chamber gewielt gouf, war hie vun 1989 bis zu senger Pensioun am Joer 1998 Professer am Lycée technique Joseph Bech zu Gréiwemaacher .

Referenzen änneren

  1. Gëllen Hochzäit vum Roger Lenert an Anni Godfroid op wort.lu
  2. Lëscht vun den Deputéierten vun 1944 un