Roger Michel Erasmy
(Virugeleet vu(n) Roger Erasmy)
De Roger Michel Erasmy, gebuer de 7. Juni 1939 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 3. November 2015 zu Perpignan[1], war e lëtzebuergeschen Auteur. Hien ass virun allem bekannt fir seng Wierker iwwer de surrealistesche Moler Salvador Dalí.
De Roger Erasmy war Directeur commercial an enger franséischer Firma an dono Sekretär an der Wirtschaftssektioun vun der Franséischer Ambassade zu Lëtzebuerg. A senge Bicher iwwer den Dali erkläert hie seng Theorie, datt den Dali seng Molerei eng Zort Virahnung vun Evenementer ëm d'Jordausendwenn wier.[2]
Hien huet 1989-1990 e Bicherfestival zu Salies-du-Salat (Haute-Garonne) organiséiert a war Editeur vun der Zäitschrëft Petit Courrier Culturel Abrégé.
WierkerÄnneren
- Le Mystère de la gare de Perpignan. 1985.
- Codex Dalianus. Indicateur ésoterique des prévisions paranoïaques-critiques de Salvador Dali. 1989. ISBN 2-87956-001-2
- L'apothéose du Dollar. 2004 ISBN 2-87956-005-5
- Visions d'un monde nouveau. 2012 ISBN 2-87956-007-1
GielecherÄnneren
- Chevalier de l'Ordre du Mérite A.D.N Luxembourg, 1972.[3]
Um SpaweckÄnneren
- erasmy-dali.com, dem Roger Erasmy seng Homepage.
ReferenzenÄnneren
- ↑ http://www.rtl.lu/kultur/738533.html
- ↑ La Voix du Luxembourg, 5 octobre 2001
- ↑ International Biographical Art Dictionary - Édition 91/92