De Roby Schaeffer oder Robert Schaeffer, gebuer de 7. November 1930 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 23. Abrëll 2014 zu Liberty am Missouri[1], war e lëtzebuergesche Liichtathleet an Diplomat.[2]

Roby Schaeffer
Gebuer 7. November 1930
Gestuerwen 23. Abrëll 2014
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Liichtathleet

Säi Liewen änneren

No senger Première a sengem Studium zu Paräis op der École des hautes études commerciales huet hie post-universitär Studien op der University of Kansas gemaach. Zanterhier huet hien zu Kansas City gelieft. Hie war zanter 1972 Honorarkonsul vu Lëtzebuerg zu Kansas City. Hien huet ënner anerem dozou bäigedroen, datt verschidde Gemengen zu Lëtzebuerg Partnerstied vu Liberty oder North Kansas City sinn.[3] Hie war President vun der Luxembourg Heritage Society déi d'Lëtzebuerger Kultur an den USA verbreet huet.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden, wou hien an der 4x400 Meter Staffel zesumme mam Gérard Rasquin, Fred Hammer a Jean Hamilius de lëtzebuergesche Landesrekord (bis 1998) gelaf ass.[4] An den 200 Meter hat hien och laang Zäit de Rekord.

Hie war bestuet an hat zwee Kanner.

Auszeechnungen änneren

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Leichtathletik trauert um Robert Schaeffer wort.lu 7. Mee 2014
  2. De Roby Schaeffer op der Websäit vu sports-reference.com
  3. Ënner anerem sinn Dikrech an Esch-Uelzecht sougenannte Sister Cities vu Liberty respektiv North Kansas City [1](en)
  4. De Roby Schaeffer op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  5. 30-06-2008: Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur
  6. http://kk.convdocs.org/docs/index-9256.html