Robert Kerman

amerikanesche Schauspiller

De Robert Charles Kerman, gebuer de 16. Dezember 1947 zu Brooklyn bei New York City a gestuerwen de 27. Dezember 2018 och an der Stad New York[1], war en US-amerikanesche Schauspiller, deen am Ufank am Off-Broadway-Theater[2] a spéider a Pornoen an a Mainstreamfilmer geschafft huet. A Pornofilmer huet hie meeschtens ënner dem Pseudonym R. Bolla[3], an och ënner méi wéi 20 Aliasse figuréiert[4].

Robert Kerman
Gebuer 16. Dezember 1947
Brooklyn
Gestuerwen 27. Dezember 2018
New York
Nationalitéit USA
Educatioun Brooklyn College
Aktivitéit Pornofilm-Schauspiller, Filmschauspiller

De Kerman ass an enger jiddescher Famill am italieenesche Staddeel Bensonhurst op d'Welt komm. Hien huet am Brooklyn College studéiert[3] a war Manager an engem Off-Broadway-Theater[5] an ass eng Zäit als Theaterschauspiller opgetrueden[2].

1975 huet hien d'Carrière als Pornoacteur ugefaangen. Seng Haaptaktivitéit war bis an d'Mëtt vun den 1980er Joren, an der Period vum Golden Age of Porn (Porno Chic). Bis zu senger Pensioun am Joer 1993 huet den R. Bolla - et war ee vu senge meescht benotzte Spëtznimm - a méi wéi 100 Produktiounen[4], wéi z. B. an Debbie Does Dallas (1978) gefilmt[6],[7][8].

Zanter 1997 ass de Robert Kerman/R. Bolla Member vun der AVN Hall of Fame[9], an zanter 2008 Member vun der XRCO Hall of Fame[10]. Allerdéngs huet de Kerman spéider seng Pornocarrière als grousse Feeler a sengem Liewe bezeechent[6].

„In retrospect I'm really sorry that I did it, because I probably ruined the best years of my life as an actor.“
- Robert Kerman

Niewent der Aktivitéit am Pornofilm, huet hien zanter den 1970er Joren och a "gängege" Filmer geschafft. Säin éischte Mainstream-Optrëtt war am Film The Goodbye Girl (1977)[6]. Hie war aktiv an italieeneschen Horrorfilmer wéi Mangiati vivi! (1980), Cannibal Ferox (1981)[8], oder wéi infame Cannibal Holocaust (1980). Wéinst Cannibal Holocaust, gouf de Schauspiller mat der Haaptroll als Professer Harold Monroe an dësem Film wäit bekannt[11],[12],[13],[14]. Ausserhalb vun Horrorfilmer, ass de Kerman bekannt och mat der Nieweroll als Bootkapitän am Film Spider-Man (2002)[3].

Zanter de Joren 1990 war seng Schauspillercarrière net ganz erfollegräich, a wéinst dëser Situatioun war hien eng Zäit Alcohol- an Drogenofhängeg, an och huet hien Depressioun gelidd. De Robert Kerman ass gestuerwe kuerz virdrun dem Ufank vum Joer 2019 un Diabeteskompikatiounen[6].

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op IMDb (en)
  2. 2,0 2,1 New York Magazine, Vol. 8, #1, 30 Dec 1974 - 6 Jan 1975. - S. 14 - ISSN 0028-7369
  3. 3,0 3,1 3,2 https://avn.com/business/articles/video/remembering-r-bolla-811892.html
  4. 4,0 4,1 Fiche op IAFd (en)
  5. https://www.broadwayworld.com/people/Robert-Kerman/
  6. 6,0 6,1 6,2 6,3 https://avn.com/business/articles/video/robert-kerman-known-in-adult-as-r-bolla-has-passed-811404.html
  7. http://www.penthouse.com.au/articles/history/whatever-happened-to-debbie
  8. 8,0 8,1 http://exclaim.ca/film/article/r_i_p_cannibal_holocaust_star_robert_kerman
  9. https://web.archive.org/web/20090415212412/http://www.avnawards.com/halloffame.php
  10. https://web.archive.org/web/20080502062009/http://www.avn.com/video/articles/29952.html
  11. https://www.dagbladet.no/kultur/skuespillerne-trodde-de-skulle-bli-drept/64766519
  12. http://darkermagazine.ru/page/luchshij-film-o-kannibalah
  13. https://filmschoolrejects.com/movies-we-love-cannibal-holocaust-18ff3e3f9207/
  14. https://film.wp.pl/nadzy-i-rozszarpani-6027632319026305c