De Robert-Schuman-Chouer, op Franséisch Choeur Robert-Schuman an op Däitsch Robert-Schuman-Chor, ass e Jugendchouer an der Groussregioun deen iwwer d'Grenzen erausgeet an deen am Kader vum europäesche Kulturjoer am Summer 2007 entstanen ass. Ëm de Chouer bekëmmert sech de Veräin Choeur Robert-Schuman a.s.b.l. mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

De Robert-Schuman-Chouer ass vun 2012 bis 2016 "Residenzchouer" (Choir in residence) am grenziwwerschreitende Raum Éislek am Kader vun engem Partenariat mat der europäescher wirtschaftlecher Interessevereenegung Islek ohne Grenzen.

Ziler vum Chouer änneren

  • de Jugendlechen aus der Groussregioun eng musikalesch, vokal a stilistesch Formatioun op héijem Niveau ze bidden;
  • ënner de Jugendlechen zukënfteg Kaderen z'entdecken (Chouerleeder, Sänger, Enseignanten a Gesanksformateuren) a si an hirer Entwécklung z'ënnerstëtzen;
  • Chouerwierker vu verschiddenste Stiler an Epochen dem Public presentéieren;
  • nei Museke fërderen an de Musekspatrimoine vun der Groussregioun bekannt maachen;
  • sech un der Konstruktioun vun Europa bedeelegen duerch d'Musek an duerch gemeinsam Projeten

Um Spaweck änneren