Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Riseséirous (Victoria amazonica) ass eng Bléieplanz aus der Famill vun den Nymphaeaceae. An hirer Famill ass et déi gréisst op der Welt. Hir Blieder, déi um Waasser schwammen, kënnen en Duerchmiesser vu bis zu 3 Meter hunn, um Enn vun engem Still dee 7 bis 8 Meter laang ass. D'Planz kënnt an der Natur a Südamerika vir, op Plaze wou d'Waasser roueg ass.

Riseséirous
Victoria amazonica
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerofdeelung Somplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Nymphaeales
Famill Nymphaeaceae
Gattung 'Séirousen'
Wëssenschaftlechen Numm
Victoria amazonica
L.

D'Planz brauch eng Waassertemperatur vu 27 bis 30 °C. Déi 40 cm grouss Blumm huet 60 Bléiblieder a blitt zwou Nuechten, déi éischt Nuecht ass d'Bléi wäiss, déi zweet ass se rosa. D'Bestäubung gëtt vun engem klenge Kiewerlek, Cyclocephala hardyi, gemaach. Hie bleift wärend der ganzer Dauer vun der Bléi op der Planz wou en net nëmme vum Nektar profitéiert, mä och vun der Hëtzt déi d'Planz liwwert.

Um Spaweck änneren

Commons: Victoria amazonica – Biller, Videoen oder Audiodateien