De Richard vu Shrewsbury gebuer de 17. August 1473 zu Shrewsbury, a gestuerwen 1483, 1. Herzog vu York a vu Norfolk, ass den zweeteelste Jong vum Edward IV. a vun deem senger Fra Elisabeth Woodville.

Richard vu Shrewsbury
Gebuer 17. August 1473 jul.
Gestuerwen 26. Juni 1483
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Aristokrat
Famill
Papp Edward IV.
Den Edward V. an de Richard vu Shrewsbury: D'Prënzen am Tower; Bild vum Paul Delaroche

De Richard ass de jéngere Brudder vum Prënz vu Wales a spéidere Kinnek Edward V. a kritt 1474 den Titel "Herzog vu York". Schonn am Alter vu véier Joer, de 15. Januar 1478, gëtt e mat der fënnef Joer aler Anne Mowbray, Ierwin vun den Herzoge vun Norfolk, bestuet. Domat ka säi Papp elo och iwwer déi Ierfschaft verfügen. 1481 kritt de Richard zousätzlech den Titel "Herzog vun Norfolk", woumat verschidde Leit, a méiglech Ierwe vun der Famill Mowbray, net averstane waren, besonnesch den John Howard. Am selwechte Joer stierft d'Anne Mowbray an de Richard ass scho mat 8 Joer Wittmann.

Nom Doud vum Edward IV. den 9. Abrëll 1483 gëtt dem Richard säi Brudder Kinnek als Edward V. an de Richard selwer Trounfolger. Et kënnt awer séier zu Ausenanersetzungen an der Famill well de Robert Stillington, de Bëschof vu Bath and Wells behaapt huet datt den Edward IV. sech 1461 heemlech mat der Lady Eleanor Talbot, der Duechter vum Grof vu Shrewsbury, bestuet hat. Well déi 1464 zum Zäitpunkt vum Bestietnes tëscht dem Edward an der Elizabeth Woodville nach gelieft huet, huet de Conseil ënner dem Richard Plantagenet, 1. Herzog vu Gloucester decidéiert datt dat e Fall vu Bigamie wier, an dat zweet Bestietnes domat ongëlteg wier. Domat sinn och dem Edward seng Kanner als illegitim erkläert ginn, a sinn de 25. Juni 1483 aus der Trounfolleg erausgeholl ginn.

De Richard Plantagenet ass dunn als Brudder vum Edward IV. neie Kinnek ginn als Richard III.. Den Herzog vu York ass vun him Mëtt 1483 an den Tower geschéckt ginn. Wat duerno mat him a sengem Brudder geschitt ass, ass nach just Spekulatioun. Et si nach Skeletter am Tower fonnt ginn, mä et ass ni eppes bewise ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Richard of Shrewsbury, 1st Duke of York – Biller, Videoen oder Audiodateien