Richard M. Stallman

(Virugeleet vu(n) Richard Stallman)

De Richard Matthew Stallman, gebuer de 16. Mäerz 1953, och bekannt ënner den Initialen RMS, ass de Grënner vum Mouvement fir fräi Software. Hien ass bekannt duerch d'Initiéiere vum GNU-Projet a fir mam Eben Moglen zesummen déi éischt Lizenz fir Distributioun vu Software mat sengem Source Code geschriwwen ze hunn: d'GNU General Public License oder GNU GPL. Hien huet och d'Konzept vum Copyleft erfonnt.

Richard M. Stallman
Gebuertsnumm Richard Matthew Stallman
Pseudonym rms, Saint IGNUcius
Gebuer 16. Mäerz 1953
Manhattan
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit,
Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Programméierer, Blogger, Ingenieur, Erfinder, Aktivist
Member vun Free Software Foundation, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Engineering

Hie war informatesche Chercheur um Massachusetts Institute of Technology an huet 1985 d'Free Software Foundation gegrënnt. "Free" ass am Sënn vu "fräi" ze verstoen, an net "gratis". Hien huet och den Texteditor GNU Emacs, den C Compilator Gcc an den Debugger Gdb geschriwwen.

Seng Riede sinn awer no enger Zäitchen als exzessiv ugesi ginn, notamment vum Eric Steven Raymond an anere Membere vun der Communautéit fräien Developpeuren. De Raymond grënnt d'Open Source Initiative. D'OSI probéiert ënner anerem "open source"-Software an d'amerikanesch Informatikindustrie ze kréien.

De Stallman hat och mam Linus Torvalds ze dinn, deem hie reprochéiert, net genuch op déi zentral Plaz vu GNU a senger Variant GNU/Linux anzegoen.

Am September 2004 huet hien zu Lëtzebuerg um Centre de recherche public Henri-Tudor iwwer d'Geforen an d'Méiglechkeete vu Software Patenter geschwat.

Um Spaweck änneren

Commons: Richard Stallman – Biller, Videoen oder Audiodateien