Richard Karl von Tessmar
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Richard Karl von Tessmar, gebuer 1853, a gestuerwen 1928, war e däitsche Generol deen am Éischte Weltkrich Kommandant vun de Besatzungstruppen zu Lëtzebuerg war.
Richard Karl von Tessmar | |
---|---|
Gebuer | 1853 |
Gestuerwen | 1928 |
Aktivitéit | Offizéier |
Hie war un der Spëtzt vun den däitschen Truppen, déi den 2. August 1914 a Lëtzebuerg amarschéiert sinn, an huet dono seng Kommandozentral an der Stad Lëtzebuerg ageriicht[Wou ?].[1] De 26. August no der Schluecht vu Rossignol goufen op der Gare vun Arel, nieft der Schappecher Bréck, op säin Uerder hin 121 (no anere Quellen 125 oder 129) belsch Zivilisten exekutéiert[2].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Caveau des fusillés zu Rossignol.
Seng rabiat Ënnerdréckung vun engem Streik vun de Schmelzenaarbechter am Minett, am Juni 1917, huet zum Stuerz vun der Regierung Thorn gefouert.[3]
Referenzen
änneren- ↑ Richard Doody: The Grand Duchy of Luxembourg, 28.12.2006. (Archivéiert Versioun vum 16.08.2006)
- ↑ "L'Histoire de la Ville d'Arlon." arlon-is-on.be, 28.12.2006 (Archivéiert Versioun vum 2016-09-27.)
- ↑ Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8, S.69.