De Retabel vu Rouspert ass e stengene Retabel am romanesche Stil aus dem 12. Joerhonnert.

De Retabel vu Rouspert

En ass aus gro-gréngem Muschelkallek a kënnt aus der Kapell vun engem Bauerenhaff bei Rouspert. Dësen Haff huet der Benediktinerabtei vun Oeren bei Tréier gehéiert.

Ze gesi sinn, ënner enger Arkad, fënnef Figuren a Relief: An der Mëtt, d'Muttergottes mam Jesuskand um Schouss, riets vun hir den hellege Péitrus, lénks vun hir den hellege Paulus, a baussen um Bord jee ee Bëschof, dorënner warscheinlech den hellege Willibrord, de Grënner vun der Abtei Iechternach. Faarfreschter deiten drop hin, datt d'Figuren an der Zäit faarweg bemoolt waren.[1]

Dem Christian Beutler no kéint de Retabel souguer aus dem 8. Joerhonnert sinn[2], wat awer vun aneren, wéi dem Jean-Pierre Caillet, a Fro gestallt gëtt.[3]

De Retabel ass am Nationalmusée um Fëschmaart ze gesinn.

Referenzen änneren

  1. " Retable avec la Vierge et des saints" in: MuseoMag, oct.-déc. 2015, S.19.
  2. Christian Beutler, Die Entstehung des Altaraufsatzes: Studien zum Grab Willibrords in Echternach. München, Prestel Verlag, 1978, 107 S.
  3. Jean-Pierre Caillet: "Compte rendu Christian Beutler, Die Entstehung des Altaraufsatzes: Studien zum Grab Willibrords in Echternach." In: Bulletin Monumental, Année 1982, Volume 140, Numéro 3 pp. 269-270.