Renée Hutmacher

lëtzebuergesch Teddybierméchesch

D'Renée Hutmacher, gebuer den 22. Mee 1956, ass eng international villfach priméiert lëtzebuergesch Teddybierméchesch, a Weltmeeschterin am Teddybitzen.

Renée Hutmacher
D'Renée Hutmacher (2007)
Gebuer 22. Mee 1956
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Michel-Rodange
Aktivitéit Teddybiermécher

Der Renée Hutmacher hir "Carrière" als Hierstellerin vun Teddybieren huet 1987 ugefaangen, wéi se domat ugefaangen huet, Parzeläinspoppen ze maachen. Déi hu geleeëntlech als Accessoire e klengen Teddy dobäi kritt, deen awer ganz einfach gehale war.

Hir Frënn hu se dann awer iwwerriet, emol richteg Teddyen ze maachen. 1997 huet se mat engem Bastelpak ugefaangen, dee s'als Kaddo kritt huet. Dee fäerdege Bier huet hir awer net gutt gefall a si wollt e schonn ewechgeheien, mä hire Jong huet en nach am leschten Ament gerett.

Duerno huet si et mat engem eegene Schnëtt probéiert an no villem Probéieren hat se endlech e Bier, deen hir gefall huet an dee si Leonie genannt huet. Vun deem Ament un huet se keng Poppe méi gemaach, mä nëmmen nach Teddybieren.

Si huet am Mäerz 2009 op der Teddybär Welt zu Wiesbaden mat dem Teddy Florentine den TED World Wide Award an der Kategorie Mixed materials undressed gewonnen. Zwéi Joer virdrun hat si schonn zu Essen een Europameeschtertitel krut, an der Kategorie Teddybär Urform bis 70 cm, an eng Nominatioun an der Kategorie Künstlerteddybär unbekleidet.

Am Mäerz 2010 gouf si mat dem Teddybier Joey fir d'zweet Weltmeeschterin zu Wiesbaden.

2011 krut si den 2. Präis vum "TED worldwide Award" an der Kategorie "Masterclass/purely mechanics". Ausserdeem krut si 2011 och nach den 3. Präis an der Kategorie "Masterclass/design variation, dressed".

2012 huet se den 1. Präis vum "TED worldwide Award" an der Kategorie "Masterclass/purely mechanics" gewonnen.

2013 koum se op déi 2. Plaz beim "TED worldwide Award" an der Kategorie "Masterclass - subject: bear".

2014 koum se mat hirem Teddybier "Maude" op déi 1. Plaz beim "Gläserner Teddybär" an der Kategorie F (Fortgeschrittene: Teddybären bekleidet, bis 40 cm).

Mam Teddybier "Emil" huet se 2015 den 1. Präis gewonne beim "TED worldwide Award an der Kategorie: "Masterclass – Design variation dressed".

2016 koum se op déi 2. Plaz beim "TED wordwide Award" an der Kategorie "Masterclass - Teddybear dressed".

2018 huet si mam Teddybier *Lilli" beim Golden George (e renomméierte Concours) net nemmen eng Nominatioun kritt mee gläich de Publikumspräis.

2019 war et du mam Teddybier "Timo&Teddy" beim Golden George eng Nominatioun.

Duerno huet si een Teddybier gemach den dem Guido Maria Kretschame no empfond war.

Well den Hobby duerch den héije Bekanntheetsgrad ëmmer méi stresseg gouf, hat d'Renée Hutmacher Enn 2016 decidéiert, nodeems se méi wéi 1000 Teddybiere gemaach hat, mam Bitze vun Teddybieren opzehalen. Mä si konnt net duerchhalen a sou bitzt si haut nach Teddybieren, zwar vill manner mä ganz ouni geet et och net.[1]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Äddi, "Bieren aus Lëtzebuerg"! op wort.lu vum 3. November 2016

2019 huet d'Renée Hutmacher hiert éischt Kannerbuch "den Emil fiert op Wien" an der Edition Phi ISBN 978-2-919791-19-4 erausbruecht. Duerno si nach vill Geschichten iwwert den Emil a seng Frënn geschriwwe ginn, bis elo awer nach net veröffentlecht.