Renée Arend

lëtzebuergesch Molerin

D'Renée Jeanne Thill-Arend, gebuer 1937 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Keramikerin a Molerin[1].

Renée Arend
Gebuer 1937
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Keramiker, Moler
Famill
Papp Alphonse Arend

D'Renée Arend ass eng Duechter vum Literaturkritiker Alphonse Arend an der Jeanne Marguerite Welter. Si huet hir Konschtausbildung am der École des Arts et Métiers zu Lëtzebuerg, op der Akademie vu Saarbrécken an op der École des beaux-arts zu Paräis gemaach[2]. Vun 1958 bis 1963 huet si op der École des Arts et Métiers Keramik enseignéiert. 1960 huet si de Pierre Thill bestuet.

D'Renée Arend huet Keramik an abstrakt Biller gemaach. Si huet hir Wierker e puermol ausgestallt, ënner anerem wärend enger Ausstellung zesumme mat der Lou Kreintz an der Galerie La Cimaise de Luxembourg zu Paräis (1958)[3], wärend den alljärleche Salone vum Cercle artistique de Luxembourg (1958-1960) an op enger Ausstellung zesumme mam Lars Bo, dem Ben Heyart, dem Charles Kohl an der Yola Reding an der Galerie Le Studio zu Lëtzebuerg (1960-1961). 1968 hat si zu Nouspelt eng Ausstellung mat de Lëtzebuerger Keramiker Léon a Jeanne Nosbusch, Jean a Robert Peters, Aurelio a Bettina Sabbatini, Corneille Schwenninger a Jos a Fernande Welter-Klein[4].

Wierker vun hir goufen an d'Sammlunge vum Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht zu Lëtzebuerg, vum Kunstmuseum aan Zee zu Ostende an am Schweizer Keramik- und Glasmuseum zu Genf opgeholl.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Jos Welter, réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. s. 13.
  3. J.-P. R., "Nos artistes à Paris: Renée Arend et Lou Kreintz exposent", d'Letzeburger Land, 20. Juni 1958.
  4. "Töpferei- und Keramikwoche in Nospelt", Luxemburger Wort, 23. Juli 1968.