René Pottier
De René Pottier gebuer de 5. Juni 1879 zu Moret-sur-Loing, a gestuerwen de 25. Januar 1907 zu Levallois-Perret, war e franséische professionelle Vëlossportler.
René Pottier | |
---|---|
Gebuertsnumm | René Édouard Pottier |
Gebuer |
6. Juni 1879 Moret-sur-Loing |
Gestuerwen |
25. Januar 1907 Levallois-Perret |
Doudesursaach | Erhänken |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Biographie änneren
Nodeem hien 1903 d'Amateurseditioun vu Bordeaux-Paräis gewonnen hat, gouf hie Profi. 1905 gouf hien Zweeten am Paris-Roubaix an am Bordeaux-Paräis, duerno 1906 Drëtten am Paris-Roubaix, fir an dem selwechte Joer déi véiert Editioun vum Tour de France ze gewannen.
Hie gëtt als den éischte Grimpeur am Tour consideréiert.
1905 war hien den Éischten iwwer d'Kopp vum Ballon d'Alsace gefuer, deen dat Joer den éischte Col war deen an engem Tour gefuer gouf. Hie gouf zwar an der Descente erëm agefaangen, konnt awer d'Generalklassement fir sech entscheeden, a krut de Maillot jaune. Den Dag duerno huet en opginn.
Dat Joer duerno huet hien den Tour gewonnen, an hat dobäi 5 Etappen an d'Täsch gestach. Obschonn hie seng Konkurenten an der Zäit wäit distanzéiert hat, war duerch de Punkteklassement seng Victoire um Tour laang onsécher.
De René Pottier huet sech de 25. Januar 1907 d'Liewe geholl. E puer Wochen duerno huet de Patron vum Tour den Henri Desgrange um Ballon d'Alsace e Monument opriichte gelooss, fir un hien z'erënneren.
Palmarès änneren
1903 änneren
- 1. am Bordeaux-Prais fir Amateuren
1905 änneren
- 2. am Paris-Roubaix
- 2. am Bordeaux-Paräis
1906 änneren
- 1. am Tour de France a Gewënner vu 5 Etappen
- 3. am Paris-Roubaix
Resultater um Tour de France änneren
- Tour de France 1905: opginn an der 3. Etapp
- Tour de France 1906: 1. am Generalklassement a Gewënner vu 5 Etappen
Um Spaweck änneren
Commons: René Pottier – Biller, Videoen oder Audiodateien |