De René Carol, eigentlech Gerhard Tschierschnitz, gebuer den 11. Abrëll 1920 zu Berlin, a gestuerwen den 9. Abrëll 1978 zu Minden, war en däitsche Schlagersänger a Filmschauspiller.

René Carol
Gebuertsnumm Gerhard Tschirschnitz
Gebuer 11. Abrëll 1920
Berlin
Gestuerwen 9. Abrëll 1978
Minden
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger, Discographesche Kënschtler

Seng Carrière huet de René Carol ugefaangen, andeems e bekannt Kënschtler parodéiert huet. 1949 koum seng éischt Plack eraus. 1952 war hien deen Éischten, deen eng Gëlle Schallplack krut, an zwar fir 500 000 verkaaften Exemplaire vu Rote Rosen, rote Lippen, roter Wein.

De René Carol ass 1978 mat 58 Joer zu Minden gestuerwen.

E puer vu senge bekanntste Lidder änneren

  • Rote Rosen, rote Lippen, roter Wein
  • Kein Land kann schöner sein, 1960
  • Im Hafen von Adano (mat der Lonny Kellner), 1950
  • Am Strande von Havanna steht ein Mädchen

Filmer änneren

Plackentipps änneren

All seng Placke si bei Bear Family op CD erauskomm.

Um Spaweck änneren