De Relais de l'amitié zu Bilschdref, och Bilschdrëffer Guidenhaus genannt, ass ee vun den zwéi Formatiounszentere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS).

De Relais de l'Amitié am Abrëll 2010

D'Gebai dat 1970 vun de Lëtzebuerger Guiden[1] kaaft gouf, an an deem fréier d'Wiertschaft A Kleens war, gouf 1994 komplett sanéiert a frësch ageriicht.

De 26. Juni 1994 gouf d'Haus a Presenz vun der Chef-Guide, der Groussherzogin Joséphine-Charlotte, ageweit.

D'Haus ass ageriicht fir 48 Persounen z'empfänken. Hannendru läit eng grouss Campingsplaz.

Den Zenter gëtt vum Comité Bilsdorf geréiert, deen aus benevole Membere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten besteet.

Geographesch Koordinaten: 49° 51’ 29.07’’ N 5° 49’ 39.39’’ O

Notten änneren

  1. D'Lëtzebuerger Guiden hunn 1994 mat de Lëtzebuerger Scouten fusionéiert.