Reginald Bottomley
De Reginald Bottomley, gebuer den 11. Mäerz 1856 zu London, a gestuerwen den 10. Abrëll 1933[1] zu Lëtzebuerg, war e Moler vun engleschen Originnen.
Reginald Bottomley | |
---|---|
Gebuer |
11. Mäerz 1856 London |
Gestuerwen |
10. Abrëll 1933 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Hie war de Jong vum engleschen Déieremoler John William Bottomley.
Hien hat säi Konschtstudium zu Paräis gemaach, wou e sech mat der Lëtzebuergerin Elisabeth Kehler bestuet huet. Vun 1891 un huet hien zu Lëtzebuerg gelieft.
Hie war ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.
Galerie
ännerenKuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ ZIVILSTAND. In: Escher Tageblatt, 1933. Jg., nº 111 (12.05.1933), p. 9. Digitised by the National Library of Luxembourg