D'Côte de La Redoute och dacks La Redoute genannt ass ee bekannte Stouss an der Vëloscourse, Léck-Baaschtnech-Léck. Se läit um Territoire vun der Gemeng Aywaille an der belscher Provënz Léck. De Stouss ass 2,3 km laang an et geet mat 7,4 % erop. Den Héichtenënnerscheed ass 170 Meter, mat 135 Meter Héicht op der Bréck iwwer d'Amblèwe, an 305 Meter op der Kräizung vum Belvédère Falize.

Den Accès fir an dës Kopp läit parallel mat der belscher A26 déi do och en Deel vun der Europastrooss E25 ass, an et kënnt e vun ënnen iwwer Sougné-Remouchamps dohin.

Si ass bekannt well op där Plaz schonn méi wéi eng Kéier d'Entscheedung iwwer de Gewënner vun der Course gefall ass. Hir Lag knapps 20 km virun der Arrivée, de koukelegen Accès duerch Remouchamps, mat schmuele Stroossen a vill Gekéiers, bréngt mat sech, datt de Plotto ferm ausernee gerappt gëtt, an nach just déi Bescht do d'Nues vir hunn. Eng gutt Positioun vir am Plotto bei der Afaart an de Stouss, ass wéinst der schmueler Strooss wichteg, fir kënne mat den Éischten eropzefueren.

Den Numm krut d'Kopp well eng Redoute, op där Plaz, an der Schluecht vu Sprimont 1794 eng wichteg Roll gespillt huet.

Monument als Erënnerung un
d'Schluecht vu Sprimont
Erënnerungssteen
an der Hallschent vum Bierg