Agent provocateur
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Agent provocateur als Persoun. Fir déi englesch Ënnerwäsch-Mark, kuckt wgl. Agent Provocateur. |
En Agent provocateur ass eng Persoun, déi een aneren oder aner Leit provozéiere soll, Aktiounen ze maachen, déi géint eent oder méi Gesetzer verstoussen.
De polneschen Dramatiker Sławomir Mrożek huet a sengem Theaterstéck Policja, Die Polizei, vun 1958 dat Theema op eng raffinéiert satiresch Manéier verschafft.