De Rechterbach ass eng Baach an der belscher Provënz Léck, an den Ostkantonen, an de Gemenge Sankt Vith a Malmedy.

De Rechterbach eng ronn 2 km flossofwäerts vu Recht

Se huet hir Quell nërdlech vun Oberst-Crombach am Bësch Wolkeshart op enger Héicht vu ronn 530[1] Meter. Vun do leeft se duerch Bëscher a Richtung Recht, dat se riets leie léisst, bis se op d'N660 stéisst. Do béit se da liicht no Westen, a fiddert d'Frelleweiere vun enger Fëschziichterei, fir duerno parallel mat der Nationalstrooss weiderzelafen. Ongeféier 800 Meter nodeem se ënner dem Viaduc du Recht vun der A27 - E42 erduerch ass, um hallwe Wee tëscht Ligneuville a Lasnenville leeft se dann op enger Héicht vun 330 m vu lénks an d'Amblève. D'Baach ass ronn 11 km laang.

Referenzen änneren

  1. IGN Belge