Reanimation
Reanimation ass den zweete Museksalbum vun der kalifornescher Band Linkin Park. E besteet aus Remixe vu Lidder vun der Grupp hirem éischten Album Hybrid Theory a gouf den 30. Juli 2002 verëffentlecht.
Reanimation | |
---|---|
Remix-Album[*] vun Linkin Park | |
Erauskomm | 30. Juli 2002 |
Genre | Alternative Hip-Hop[*], industrial hip hop[*], Industrial Metal[*] |
Längt | 3.652 Sekonn |
Label | Warner Bros. Records[*] |
Produzent | Mike Shinoda |
Offiziell Websäiten | |
Stil
ännerenD'Plack besteet aus Remixen, déi (ofgesi vu "My December", dat op der Single-CD vun "One Step Closer" verëffentlecht gouf) um éischte Linkin Park-Album Hybrid Theory sinn, souwéi aus kuerzen Zwëschespiller, Soloen a Riff-Raff's.
Am grousse Ganze koum d'CD ganz gutt bei de Fans un, allerdéngs ginn och verschidde Lidder staark kritiséiert well si mat zeville Raps vergarrelt goufen. Op der Plack si gréisstendeels roueg Lidder. Den David Farrell, deen normalerweis Bass spillt, spillt an dësem Album Gei an Cello, a vereenzelte Lidder awer och nach Bass-Gittar. De Brad Delson iwwerhëlt an dëse Fäll de Bass an den Joseph Hahn (DJ) an/oder de Mike Shinoda (MC) spillen niewebäi Piano. Natierlech kommen och eng Handvoll haart Lidder vir, déi un déi typesch Hard-Rock-Zeen vu Linkin Park erënneren.
D'Nimm vun de Lidder gläichen den Nimm vun de "richtege" Lidder. Dacks gouf op d'Vokale verzicht an d'Leerzeeche goufe mat Slashen, Bindestrécher, Stären asw. gefëllt.
Besetzung
änneren- Chester Bennington - Gesank
- Rob Bourdon - Batterie
- Mike Shinoda - Produzent, Piano, Gesang, Background-Gesang, Rap, Gestaltung
- Brad Delson - Gittar, Bass
- Joseph Hahn - Opnamen, Turntables, Keyboard
- Dave "Phoenix" Farrell - Bass, Gei, Cello
Tracklëscht
ännerenTitel | Dauer | |
---|---|---|
1 | Opening | 1:09 |
2 | Pts.OF.Athrty | 3:45 |
3 | Enth E Nd | 3:59 |
4 | [Chali] | 0:23 |
5 | Frgt/10 | 3:32 |
6 | P5hng Me A*wy | 4:37 |
7 | Plc. 4 Mie Haed | 4:20 |
8 | X-Ecutioner Style | 1:49 |
9 | H! Vltg3 | 3:30 |
10 | [Riff Raff] | 0:21 |
11 | Wth>You | 4:12 |
12 | Ntr/Mssion | 0:29 |
13 | Ppr:Kut | 3:26 |
14 | Rnw@y | 3:13 |
15 | My<Dsmbr | 4:17 |
16 | [Stef] | 0:10 |
17 | By_Myslf | 4:42 |
18 | Kyur 4 Th Ich | 2:32 |
19 | 1Stp Klosr | 4:36 |
20 | Krwlng | 4:32 |