Chester Bennington

amerikanesche Sänger

Den Chester Charles Bennington gebuer den 20. Mäerz 1976 zu Phoenix am Arizona a gestuerwen den 20. Juli 2017, war en US-amerikanesche Sänger ë. a. bei de Rockbands Linkin Park an Dead By Sunrise. Virdru war hie Sänger bei der Band Grey Daze.

Chester Bennington
Gebuertsnumm Chester Charles Bennington
Pseudonym Chazy Chaz
Gebuer 20. Mäerz 1976
Phoenix
Gestuerwen 20. Juli 2017
Palos Verdes Estates
Doudesursaach Erhänken
Nationalitéit USA
Educatioun James Madison High School,
Greenway High School
Aktivitéit Rocksänger, Filmschauspiller, Rockmuseker, Lidderschreiwer
Member vun Linkin Park, Dead by Sunrise
Famill
Bestuet mat Talinda Ann Bentley, Samantha Marie Olit
Papp Lee Russell Bennington
Kanner Tyler Bennington

Den Chester huet eng schwéier Kandheet hanner sech. Nodeem seng Eltere gescheet goufen, gouf hien am Alter vun 11 Joer sexuell mëssbraucht. An der Schoul hat hie kee positive Kontakt zu senge Matschüler. Hien huet sech an Droge geflücht a war scho séier ofhängeg vu Kokain a Crystal-Meth.

Am Alter vun 20 Joer huet den Chester seng grouss Jugendléift bestuet. 2 Joer méi spéit krute si e Kand. Am Joer 2005 huet d'Koppel sech getrennt, an am selwechte Joer huet de Bennington sech erëm bestuet.

2006 huet den Chester sech bei engem Concert zu Singapur mat Linkin Park den Aarm gebrach, huet trotzdeem de Concert weidergesongen. Um Enn vum Joer huet e sech schonn erëm blesséiert, déi Keier um Réck, an zwar sou schlëmm, datt déi ganz Asien-Tournee ofgesot gouf. No dësen zwéi Virfäll, sou den Chester selwer, kéint hien ni méi sou aktiv op der Bün optriede wéi fréier.

Den Chester war besonnesch fir seng Jäizzeene bei Linkin Park bekannt, z. B. bei de Lidder A Place for My Head, By Myself, One Step Closer asw.

Um Spaweck

änneren


Commons: Chester Bennington – Biller, Videoen oder Audiodateien