Raumfluchkierper
Als Raumfluchkierper ginn all vu Mënschenhand geschafen Objeten (Fluchkierper) am Weltraum bezeechent. D'Bezeechnung ass en Iwwerbegrëff fir:
- Rakéiten resp. deenen hir Deeler, déi am Weltraum Notzlaaschten transportéieren
- kënschtlech Satellitten, déi ëm d'Äerd oder en aneren Himmelskierper kreesen
- Raumsonden, déi op kenger (geziilter) Ëmlafbunn sinn, mä méi wäit Ziler am Weltraum usteieren
- Raumfären, Raumschëffer, Raumkapselen, déi Mënschen an de Weltraum bréngen
- Raumstatiounen, fir méi laang Openthalter vu Mënschen am Weltraum
Deelweis ginn och Rakéitestécker zu de Raumfluchkierper gezielt. Déi ginn da mat enger COSPAR-Bezeechnung notéiert.