Raimonds Vējonis

lettesche Politiker

De Raimonds Vējonis, gebuer de 15. Juni 1966 am Oblast Pskow vun der deemoleger Russescher SFSR, an der UdSSR, ass e lettesche Politiker.

Raimonds Vējonis
Gebuer 15. Juni 1966
Nationalitéit Sowjetunioun, Lettland
Aktivitéit Politiker, Biolog

Hien ass war vum 8. Juli 2015 bis den 8. Juli 2019 President vu Lettland, an domat éischte grénge President vun engem EU-Land.

Biographie änneren

De Raimonds Vējonis huet 1989 op der Lettescher Staatlecher Pēteris-Stučka-Universitéit zu Riga Biologie studéiert an déi 1995 mat engem Master-Grad ofgeschloss. 1987 bis 1989 huet en an enger Schoul zu Madona Biologie enseignéiert.

An den 1990er Joren huet hien ugefaangen, sech op lokalem Niveau politesch an der Grénger Partei vu Lettland a fir d'Ëmwelt z'engagéieren. Vun 2002 bis 2011 war hien Ëmweltminister vu Lettland, vu Januar 2014 bis Juli 2015 Verdeedegungsminister an der Regierung vun der Laimdota Straujuma. Hie war och President vun de lettesche Gréngen.

Den 3. Juni 2015 gouf hie vum Parlament am fënneften Tour zum neie Staatspresident gewielt.[1]

Hien ass bestuet a Papp vun zwéi Jongen.

Um Spaweck änneren

Commons: Raimonds Vējonis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lettland wird erstes EU-Land mit grünem Staatschef. Zeit Online, 3. Juni 2015