Rafael Vicente Correa Delgado
![]() |
De Rafael Vicente Correa Delgado, gebuer de 6. Abrëll 1963 zu Guayaquil, ass en ecuadorianeschen Ekonomist a Politiker. Hie war vum 15. Januar 2007 bis de 24. Mee 2017 President vu sengem Land.
Rafael Vicente Correa Delgado | |
---|---|
![]() | |
Funktioun | |
43. President vum Ecuador | |
Virgänger | Alfredo Palacio |
Nofollger | Lenín Moreno |
Biographie | |
Gebuer |
6. Abrëll 1963 Guayaquil |
Educatioun |
University of Illinois at Urbana-Champaign, Universitéit vu Léiwen |
Den Delgado huet op der Kathoulescher Universitéit vu Guayaquil Ekonomie studéiert an dee Studium 1987 ofgeschloss. Méi spéit huet hien e Master op der Université catholique de Louvain zu Louvain-la-Neuve an op der University of Illinois at Urbana-Champaign gemaach. Op der University huet hien 2001 zum PhD promovéiert. Bis e President gouf, huet hien op verschiddenen Universitéiten, zulescht als Professer, Coursë ginn.
2005 war hien e puer Méint laang Wirtschafts- a Finanzminister vum Ecuador. Kuerz drop huet hie fir d'Presidentschaftswale kandidéiert a gouf de 4. Dezember 2006 am zweeten Tour gewielt.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Rafael Vicente Correa Delgado – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum President (spuenesch)