Radio Astronomy Explorer

D'Radio Astronomy Explorer (RAE) waren zwéi Raumfluchkierper vum Explorer-Programm, déi Radioquellen am Weltraum erfuerscht hunn: besonnesch d'Sonn, d'Planéiten an eis Galaxis. Den éischte Radio Astronomy Explorer war e Satellit an den zweete war eng Raumsond, déi den Äerdmound ëmkreest huet an iwwer der Äerdmoundrécksäit, ongestéiert vun ierdesche Radioemissiounen, miesse konnt.

RAE-B an der Moundëmlafbunn
D'Notzlaaschtverkleedung gëtt ëm den RAE-B ugemaach.

RAE-A änneren

Den RAE-A (Explorer 38) war e Satellit, deen d'Radiostralung am Frequenzberäich vun 0,2 bis 20 MHz ënnersicht huet. Den RAE-A war 193 kg schwéier a war gravitatiounsstabiliséiert. Hien hat zwou 229 m laang V-Antennen, vun deenen déi eng op d'Äerd an déi aner vertikal an de Weltraum geriicht war. Eng weider 36,6 m laang Dipolantenn war tangential zu der Äerduewerfläch ausgeriicht. De Fluchkierper gouf de 4. Juli 1968 um 17:31 Auer UTC mat enger Delta-J-Rakéit an eng bal kreesfërmeg, réckleefeg Äerdëmlafbunn mat 120,6° Bunnschréi tëscht 5.851 km a 5.861 km Héicht gestart. Den RAE-A hat véier Instrumenter u Bord an huet 25 W verbraucht.

RAE-B änneren

Den RAE-B (Explorer 49) gouf an eng Äerdmoundëmlafbunn bruecht an huet d'Radiostralung an engem Frequenzberäich vu 25 kHz bis 13,1 MHz ënnersicht. Och hien hat zwou 229 m laang V-Antennen. Eng huet vertikal op de Mound gewisen, an déi aner vertikal an de Weltrauman eng weider 37 m laang Dipolantenn war parallel zu der Äerdmounduewerfläch ausgeriicht. Fir d'Ënnerdréckung vu Schwéngunge vun der Raumsond hat den RAE-B en 129 m laange Schwéngungsdämpfer. Den RAE-B war zylinderfërmeg, 79 cm héich an hat en Duerchmiesser vun 92 cm. Den 328 kg schwéieren RAE-B gouf den 10. Juni 1973 um 14:13 Auer UTC vun enger Delta-1913-Rakéit op eng Fluchtbunn ëm de Mound geschoss, déi en de 15. Juni 1973 erreecht hat. No der Zündung vu sengem Feststoffbremsdreifwierk war d'Gewiicht op 200 kg gefall, an den Explorer huet de Mound op enger Héicht vun 1.053 bis 1.064 km mat enger Bunnschréi vu 55,7° ëmkreest. D'Antenne goufen, anescht wéi bei der RAE-A, schrëttweis ausgefuer, sou datt d'Dipolantennen hir voll Längt eréischt am November 1974 erreecht haten. Den RAE-B huet bis August 1977 geschafft.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren