RAMPA-Muff ass déi gängeg Bezeechnung vun engem Schraufdübel, enger Aschraufmudder oder Aschraufmuff. Et ass e Schraufverbindungselement dat haaptsächlech am Miwwelbau agesat gëtt.

Eng RAMPA-Muff

D'Form an d'Gréisste vun der RAMPA-Muff vum Typ B gi vun der DIN 7965 gereegelt. D'RAMPA-Muff kann aus Stol, Messeng oder aus enger Aluminiumlegéierung gemaach sinn.

Dës Muff ass eng speziell Zort Schrauwemudder déi zum Ënnerscheed zu anere Mudderen keng méikanteg Chape mä e Baussegewënn huet. Ofhängeg vum Material an deem se verschafft gëtt, ass dëst Baussegewënn méi oder manner graff. Muffen déi am Holz agesat ginn, hu spatz Baussegewënner mat enger grousser Steigung an enger grousser Déift. Fir Muffen an anerem Material anzesetzen, wéi Plastik oder verschidden Aluminiumsalliagë sinn d'Baussegewënner den Deenungsfakteure vun deem Material ugepasst. En agefrääste Schlitz oder ee Bannesechskant um "Kapp" vun der Muff erlaabt et, mat Hëllef vun engem Tournevis oder engem Inbusschlëssel, d'Muff an e virgebuert Saklach komplett eranzedréien, sou datt se d'Roll vun enger Schrauwemudder iwwerhuele kann.

Et gëtt der awer och déi kee Baussegewënn hunn mä eng speziell Verzaanung, an an e virgebuert d'Lach ageklappt ginn, a sech da vum selwen am Buerlach verklemmen. Anerer hunn eng dübelänlech Funktioun a ginn op der Basis ausernee wann en eng Schrauf drandréit.

Den Numm änneren

Den Ausdrock RAMPA-Muff ass e Begrëffsmonopol fir eng Aschraufmudder vun der Schrauwefirma RAMPA GmbH & Co. KG vu Büchen a Schleswig-Holstein.

Literatur änneren

  • DIN Deutsches Institut für Normung e. V.: Mechanische Verbindungselemente 4. Muttern, Zubehörteile für Schraubverbindungen, 7. Oplo, 2001, Beuth Verlag

Um Spaweck änneren