De Rösti, "Röschti" ausgeschwat, ass eng Gromperespezialitéit aus der Schwäizer Kichen.

Rösti

Heibäi ginn d'Grompere graff gerappt an an enger mëttelgrousser Pan am Ueleg gebroden. Dobäi baakt dat Ganzt zu enger Zort Kuch zesummen. Ausser Ueleg an e bësse Salz kënnt näischt dobäi, allerdéngs gëtt et Varianten, wou z. B. Speckgréiwen oder Schwäizer Kéis dragemaach ginn. Jee no Géigend gi réi oder gekachte Grompere geholl.

Rösti ass an der Mëtt vum 19. Joerhonnert an der däitschsproocheger Schwäiz erfonnt ginn, woubäi en ursprénglech moies als éischt Molzecht giess gouf, an net, wéi haut, als Bäilag vum Mëtteg- oder Owendiessen.

"Röstigraben" änneren

"Röstigraben" ("Röstigruef") gëtt an der Schwäiz ironesch de "kulturelle Gruef" tëscht der däitschsproocheger a franséischsproocheger Schwäiz genannt, z. B. wa Referendumsresultater kommentéiert ginn, déi ënneschiddlech an deenen zwou Géigenden ausgaange sinn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rösti – Biller, Videoen oder Audiodateien