Rías Baixas ass eng Wäibauregioun a Galicien a Spuenien. Et ass vun den 51 Wäibaugebidder a Spuenien dat rezents dat eng Denominación de origen huet.

Déi aner Appellatiounen aus Galicien, Ribeiro a Valdeorras, ware praktesch onbekannt bis se am Trend vum Rías Baixas, am internationalen Handel maternimmt goufen.

D'Haaptriefzort ass den Albariño, eng Rief déi e wäisse Wäi gëtt, a sou eng gutt Qualitéit huet datt se an der ganzer Provënz Pontevedra ugebaut gëtt.

D'DO Rías Baixas deelt sech an dräi Zonen op:

  • Valle del Salnés am Weste laanscht d'Küst an der Géigend vu Cambados.
  • El Rosal op der Grenz mat Portugal
  • Contado del Tea.

D'Biedem sinn haaptsächlech Granitformatiounen an de Klima ass ënner dem Afloss vum Atlantik. D'Wantere si kal, an den Nidderschlag héich.

Bis op e puer Ausname sinn d'Rías Baixas-Wäiner déi bescht wäiss Wäiner a Spuenien.

Déi bekanntst Produzente sinn:

  • Granxa Fillaboa
  • Bodegas Morgadío-Agromiño
  • Bogedas Salnesur
  • Bodegas de Vilariño-Cambados
  • Bodegas Marqués de Vizhoja
  • Santiago Ruiz
  • Terras Gauda SA