Réimesche Mosaik vun Nennig

De Réimesche Mosaik vun Nennig ass e vun de gréisste réimesche Mosaicker déi et op dëser Säit vun den Alpen gëtt.

E Panter an e Mann mat engem Speer

Wéi ass de Mosaik entdeckt ginn änneren

Am Joer 1852 huet de Bauer Peter Reuter, wéi hien op sengem Feld südlech vun der Kierch vun Nennig geschafft huet, Mosaiksteng fonnt.

Bei den Ausgruewungsaarbechten ass dunn e réimesche Mosaik entdeckt ginn, de 15,65 Meter an der Längt an 10,30 Meter an der Breet huet. Weider Ausgruewungen tëscht 1866 a 1876 hunn nach Iwwerreschter vun enger grousser réimescher Villa fräigeluet.

Fir dat Ganzt ze schützen, ass am Joer 1874 e Gebai iwwer de Mosaik gebaut ginn.

Wat ass um Mosaik? änneren

De Mosaik besteet aus geometresche Formen an deene siwe Biller ze gesi sinn. Op dëse Biller si verschidden Zeenen aus enger réimescher Zirkusarena representéiert:

 
En Tiger deen e wëllen Iesel frësst
  • En Tiger deen e wëllen Iesel frësst
  • E Léif mat engem Sklav
  • E Panter an e Mann mat engem Speer
  • Zwéi Männer déi mat engem Bengel a mat enger Gäissel kämpfen
  • E Bier mat dräi Männer
  • Gladiatoren
  • Zwéi Musikanten

Literatur änneren

  • Charles Arendt: Das römische Mosaik von Nennig. Vortrag gehalten am 20. September 1908, vor den an Ort und Stelle versammelten Mitgliedern des Vereins Luxemburger Naturfreunde. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois 18 (1908), S. 371-378. SNL
  • Reinhard Schindler: Das römische Mosaik von Nennig. Führungsblatt des Staatl. Konservatoramts Saarbrücken. [3. Aufl.], 65. Tsd. Staatl. Konservatoramt, Saarbrücken 1963, 16 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nennig – Biller, Videoen oder Audiodateien