Réimesch Villa zu Miersch

D'Réimesch Villa vu Miersch ass eng Villa rustica aus der Réimerzäit, vun där ëm 1905/1906 um Flouer Mies zu Miersch en Deel fräigeluecht gouf.

Den Hypokaust vun der Villa
De Basseng
D'Gebai iwwer den Ausgruewungen

Geschicht änneren

Et gëtt ugeholl, datt d'Villa engem réimeschen Offizéier gehéiert huet, dee se fir seng Déngschter an der Arméi geschenkt kritt hat. Ëm 400 hunn d'Réimer sech no an no aus der Géigend verzunn, an d'Franken, déi nokoumen, hu sech léiwer am Dall ugesidelt, soudatt d'Villa verfall ass. De Flouernumm Mies kéim vu mansus (manere) = Haff, Haus, Duerf.[1]

Entdeckung änneren

Wéi beim Plouen op Mies ëmmer nees Zillen a Schierbelen zum Virschäi koumen, huet de Staatsarchitekt Karl Arendt 1905/1906 Deeler vun enger Villa rustica fräigeluecht. Besonnesch vum Hypokaustum - dem ënnerierdesche Waarmloft-Heizungssystem - goufe gutt erhalen Deeler fonnt. Och Brochstécker vun engem schwaarz-wäisse Mosaikbelag goufen ausgegruewen, sou wéi och Fragmenter vu Wandmolereien, Mënzen, Spéngelen, Réng, asw.[1]. Fir déi Ausgruewunge viru weiderer Zerstéierung ze protegéieren huet de Charles Arendt e Gebai driwwer baue gelooss. Wéi sech spéider erausgestallt huet war dat de lénkse Fligel vun der Villa.

1966 gouf op "Mies" d'Infrastruktur fir en neie Wunnquartier ugeluecht. Dobäi ass, net wäit vun der Villa ewech, eng laang Mauer fräigeluecht ginn. Well dobäi och Reschter vu Waasserkanäl fonnt goufen, gëtt ugeholl, datt déi d'Reschter vun engem Baseng, vläicht engem Schwammbaseng, sinn.[1] De Basseng hat eng Gréisst vu 75,6 m Längt a 6,5 m Breet a konnt e Waasservolume vun 385 m3faassen. En ass duerch Schichte vu Leem ofgedicht ginn.

Mat Sondéierungsaarbechten ass och versicht ginn d'total Gréisst vun der Villa festzestellen. Et sinn nach e puer Grondmaueren an e Keller fonnt ginn an d'Dimensioune vun der Villa ginn op 200 × 60 m geschat. Se hat op d'mannst zwéi Raim déi mat engem Hypokaustum gehëtzt goufen.[2]

Den 29. Oktober 1969 gouf d'Plaz mat den Iwwerreschter vun der Villa op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument agedroen.[3]

Literatur änneren

  • Thill, Gérard, 1967: Nouvelles découvertes autour d'une villa romaine à Mersch. Hémecht, 19, 477-489.
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 96-97.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gallo-roman villa in Mersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 "Mersch: Patriomoine et commune - Römervilla" op mersch.lu (gekuckt: 2012-01-07)
  2. Mersch - Geschichtlicher Rundgang: Infoblat vun der Gemeng Miersch (2013)
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).