Réimesch Villa zu Miersch

Villa rustica aus der Réimerzäit
(Virugeleet vu(n) Réimesch Villa vu Miersch)

D'Réimesch Villa vu Miersch ass eng Villa rustica aus der Réimerzäit, vun där ëm 1905/1906 um Flouer Mies zu Miersch en Deel fräigeluecht gouf.

Réimesch Villa zu Miersch
Typ Réimesch Villa
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Plaz Miersch
Koordinaten 49°44'46,572"N, 6°5'51,842"O
Epoch 1. Joerhonnert (julianesch)
Längt 200 m
Breet 60 m
Statut Ausgruewung, Klasséiert Monument
Den Hypokaust vun der Villa
De Basseng
D'Gebai iwwer den Ausgruewungen

Geschicht

änneren

Et gëtt ugeholl, datt d'Villa engem réimeschen Offizéier gehéiert huet, dee se fir seng Déngschter an der Arméi geschenkt kritt hat. Ëm 400 hunn d'Réimer sech no an no aus der Géigend verzunn, an d'Franken, déi nokoumen, hu sech léiwer am Dall ugesidelt, soudatt d'Villa verfall ass. De Flouernumm Mies kéim vu mansus (manere) = Haff, Haus, Duerf.[1]

Entdeckung

änneren

Wéi beim Plouen um Flouer op Mies ëmmer nees Zillen a Schierbelen zum Virschäi koumen, huet de Staatsarchitekt Karl Arendt 1905/1906 Deeler vun enger Villa rustica fräigeluecht. Besonnesch vum Hypokaustum - dem ënnerierdesche Waarmloft-Heizungssystem - goufe gutt erhalen Deeler fonnt. Och Brochstécker vun engem schwaarz-wäisse Mosaikbelag goufen ausgegruewen, sou wéi och Fragmenter vu Wandmolereien, Mënzen, Spéngelen, Réng, asw.[1]. Fir déi Ausgruewunge viru weiderer Zerstéierung ze protegéieren huet de Charles Arendt e Gebai driwwer baue gelooss. Wéi sech spéider erausgestallt huet war dat iwwer dem lénkse Fligel vun der Villa.

1966 gouf op "Mies" d'Infrastruktur fir en neie Wunnquartier ugeluecht. Dobäi ass, net wäit vun der Villa ewech, eng laang Mauer fräigeluecht ginn. Well dobäi och Reschter vu Waasserkanäl fonnt goufen, gëtt ugeholl, datt déi d'Reschter vun engem Baseng, vläicht engem Schwammbaseng, sinn.[1] De Basseng hat eng Gréisst vu 75,6 m Längt a 6,5 m Breet a konnt e Waasservolume vun 385 m3faassen. E war mat Leemschichten ofgedicht.

Mat Sondéierungsaarbechten ass och versicht ginn d'total Gréisst vun der Villa festzestellen. Et sinn nach e puer Grondmaueren an e Keller fonnt ginn an d'Dimensioune vun der Villa ginn op 200 × 60 m geschat. Se hat op d'mannst zwéi Raim déi mat engem Hypokaustum gehëtzt goufen.[2]

Den 29. Oktober 1969 gouf d'Plaz mat den Iwwerreschter vun der Villa op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument agedroen.[3]

Literatur

änneren
  • Thill, Gérard, 1967: Nouvelles découvertes autour d'une villa romaine à Mersch. Hémecht, 19, 477-489.
  • Matthias Paulke, Jean Krier, und Raymond Waringo. Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxembourg: Centre national de recherches archéologiques, 2019. Print. ISBN 978-2-87985-535-6, S. 96-97

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gallo-roman villa in Mersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 "Mersch: Patriomoine et commune - Römervilla" op mersch.lu (gekuckt: 07.01.2012)
  2. Mersch - Geschichtlicher Rundgang: Infoblat vun der Gemeng Miersch (2013)
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).