Haaptmenü opmaachen

Réimesch Villa zu Miersch

(Virugeleet vu(n) Réimesch Villa Miersch)
Den Hypokaust vun der Villa
De Basseng
D'Gebai iwwer den Ausgruewungen

D'Réimesch Villa vu Miersch ass eng Villa rustica aus der Réimerzäit, vun där ëm 1905/1906 um Flouer Mies zu Miersch en Deel fräigeluecht gouf.

GeschichtÄnneren

Et gëtt ugeholl, datt d'Villa engem réimeschen Offizéier gehéiert huet, dee se fir seng Déngschter an der Arméi geschenkt kritt hat. Ëm 400 hunn d'Réimer sech no an no aus der Géigend verzunn, an d'Franken, déi nokoumen, hu sech léiwer am Dall ugesidelt, soudatt d'Villa verfall ass. De Flouernumm Mies kéim vu mansus (manere) = Haff, Haus, Duerf.[1]

EntdeckungÄnneren

Wéi beim Plouen op Mies ëmmer nees Zillen a Schierbelen zum Virschäi koumen, huet de Staatsarchitekt Karl Arendt 1905/1906 Deeler vun enger Villa rustica fräigeluecht. Besonnesch vum Hypokaustum - dem ënnerierdeschen Waarmloft-Heizungssystem - goufe gutt erhalen Deeler fonnt. Och Brochstécker vun engem schwaarz-wäisse Mosaikbelag goufen ausgegruewen, sou wéi och Fragmenter vu Wandmolereien, Mënzen, Spéngelen, Réng, asw.[1]. Fir déi Ausgruewungen viru weiderer Zerstéierung ze protegéieren huet de Charles Arendt e Gebai driwwer baue gelooss. Wéi sech spéider erausgestallt huet war dat de lénkse Fligel vun der Villa.

1966 gouf op "Mies" d'Infrastruktur fir en neie Wunnquartier ugeluecht. Dobäi ass, net wäit vun der Villa ewech, eng laang Mauer fräigeluecht ginn. Well dobäi och Reschter vu Waasserkanäl fonnt goufen, gëtt ugeholl, datt déi d'Reschter vun engem Baseng, vläicht engem Schwammbaseng, sinn.[1] De Basseng hat eng Gréisst vu 75,6 m Längt a 6,5 m Breet a konnt e Waasservolume vun 385 m3faassen. En ass duerch Schichte vu Leem ofgedicht ginn.

Mat Sondéierungsaarbechten ass och versicht ginn d'total Gréisst vun der Villa festzestellen. Et sinn nach e puer Grondmaueren an e Keller fonnt ginn an d'Dimensioune vun der Villa ginn op 200 × 60 m geschat. Se hat op d'mannst zwéi Raim déi mat engem Hypokaustum gehëtzt goufen.[2]

Den 29. Oktober 1969 gouf d'Plaz mat den Iwwerreschter vun der Villa op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument agedroen.[3]

LiteraturÄnneren

  • Thill, Gérard, 1967: Nouvelles découvertes autour d'une villa romaine à Mersch. Hémecht, 19, 477-489.
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 96-97.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Gallo-roman villa in Mersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 1,2 "Mersch: Patriomoine et commune - Römervilla" op mersch.lu (gekuckt: 2012-01-07)
  2. Mersch - Geschichtlicher Rundgang: Infoblat vun der Gemeng Miersch (2013)
  3. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 8. November 2019).