Quett Masire

Politiker a Staatspresident aus Botswana

De Quett Ketumile Joni Masire, GCMG, gebuer den 23. Juli 1925 zu Kanye am deemolege Bechuanaland, a gestuerwen den 22. Juni 2017 zu Gaborone, am Botswana, war tëscht 1980 an 1998 den zweete Staatspresident vum Botswana.

Quett Masire
Gebuer 23. Juli 1925
Gestuerwen 22. Juni 2017
Gaborone
Nationalitéit Botswana
Aktivitéit Politiker

Hie war Enseignant am Secondaire vu Beruff. De Masire war ee vun den Haaptleit an der Befreiungdsbeweegung a sengem Land, 1961 huet hien d'Botswana Democratic Party (BDP) mat gegrënnt a war hiren éischte Generalsekretär. 1965 gouf hien an d'Parlament vum frësch onofhängege Staat gewielt a gouf 1966 Vizepresident vum Land ënnert dem President Seretse Khama. HIe war aussereem Minister fir Finanzen a Landesplanung. Nom Khama sengem Doud gouf hien den 18 Juli 1980 vum Parlament zum neie President gewielt.

Säin Nofollger pouf den deemolege Vizepresident Festus Mogae.

Um Spaweck änneren

Commons: Quett Masire – Biller, Videoen oder Audiodateien