Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Prohibitioun (vum lat.: prohibere "verhënneren") ass d'gesetzlech Verbuet vu bestëmmten Drogen. Gemenkerhand gëtt de Begrëff virun allem op de Verbuet vun der Produktioun, dem Verkaf an/oder der Consommatioun vun Alkohol bezunn.

Ënner dem strenge Bléck vun e puer Damme geet de konfiskéierten Alkohol d'Baach of, Orange County, Kalifornien, Mäerz 1932.

Och wann den Alkohol a ville Länner verbuede war (z. B. an Norwegen 1916–1927, a Finnland 1919–1932 oder op de Färöer 1907–1992) oder ass (notamment an de Golfstaaten), gëtt den Ausdrock "Prohibitioun" (prohibition) virun allem mat de Vereenegte Staaten a Verbindung bruecht.

Do war de des Verkaf, d'Produktioun an den Transport vun alkoholeschem Gedrénks duerch dat 18. Amendement zu der Verfassung vun de Vereenegte Staaten, bekannt als Volstead Act oder National Prohibition Act, vum 16. Januar 1920 bis de 5. Dezember 1933 verbueden. Vun Ufank u gouf wéineg gemaach, fir d'Gesetz duerchzesetzen. D'Zuel vun illegalen Distillerien, Brauereien an "heemleche" Bistroe goung rasant an d'Luucht, an och wann de globalen Alkoholkonsum liicht erofgoung, sou waren déi negativ Auswierkunge vun der Prohibitioun dach considerabel. Besonnesch d'organiséiert Kriminalitéit (am bekanntsten ass dem Al Capone seng Band zu Chicago) huet enorm dovu profitéiert fir e lukrative Commerce opzebauen an hir Muecht ze stäerken.

D'18. Verfassungs-Amendement gouf duerch dat 21. nees opgehuewen.

Literatur änneren

  • John Kobler: Ardent Spirits: The Rise and Fall of Prohibition. Putnam, New York 1973.
  • Thomas Welskopp: Amerikas große Ernüchterung. Eine Kulturgeschichte der Prohibition. Verlag Ferdinand Schöningh, Paderborn 2010, ISBN 978-3-506-77026-4.

Um Spaweck änneren

Commons: Prohibitioun – Biller, Videoen oder Audiodateien