Prënz Carneval an de Prënz Faaschtdag / E Bild no der Natur

Prënz Carneval an de Prënz Faaschtdag / E Bild no der Natur gëllt als dat éischt Theaterstéck op Lëtzebuergesch.[1] D'Gym huet d'Stéck wärend enger Maskerad op der Fuesent 1849 opgefouert.

Dat a gereimter Prosa geschriwwent, staark satirescht Stéck soll deemools gutt ukomm sinn a kann als Virleefer vun den haitege Revuë gëllen: déi weltlech a kierchlech Autoritéiten an och d'Press goufe ferm kritiséiert an op d'Schëpp geholl.[2]

Wärend de Fernand Hoffmann den Auteur vum 8 Säiten dënnen Drock als onbekannt ugëtt, jo souguer d'Warscheinlechkeet an de Raum stellt, datt de geeschtegen Eegentum beim ganzen Turnveräi läit[3], féiert d'Nationalbibliothéik am Online-Katalog de Jean-Michel Kleyr als Auteur vun enger 12-säiteger Publikatioun un.[4]

Literatur änneren

  • Hoffmann, Fernand, 1991. Dicks: oder Abstieg und Aufstieg des Edmond de la Fontaine: Leben und Schaffen eines Nationaldichters. 146 S. Abteilung für Kunst und Literatur des grossh. Instituts, Luxemburg. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
  • Kleyr, Jean-Michel, 1852. De Prenz Carnaval an de Prenz Faaschtdaag: e Bild no der Natur, a 4 Akten. Letzeburg: J. Lamort, 12 p.[5]
  • Welter, Nikolaus, 1929. Das Luxemburgische und sein Schrifttum. 9. durchges. Aufl. Luxemburg: G. Soupert, 158 S.

Referenzen änneren

  1. Cf. Hoffmann 1991: 77 an der Literatur, vun deem och d'Schreifweis vum Lemma iwwerholl gouf. D'Nationalbibliothéik féiert den Titel anescht, cf. Kleyr 1852 an der Literatur.
  2. De politesche Kontext ass net onschëlleg um Opbléie vu satiresche Publikatiounen an Theaterstécker an der Mëtt vum 19. Joerhonnert: 1848 krut Lëtzebuerg eng méi liberal Verfassung, déi de Leit méi Fräiheete ginn huet, déi d'Leit dunn och ze notze woussten (Cf. Welter 1929: 30 an der Literatur).
  3. Cf. Hoffmann 1991: 78 an der Literatur.
  4. Cf. den Aschreiwung am Online-Katalog bibnet.lu
  5. Op der Titelsäit ass uegemierkt: "Au bénéfice des pauvres".