Pouligny Saint-Pierre

franséische Geessekéis

De Pouligny Saint-Pierre ass e franséische Geessekéis deen aus réier net entrahmter Mëllech gemaach gëtt. Säin Deeg ass mëll an e presentéiert sech a Form vun enger véiereckeger Pyramid déi 12,5 Zentimeter héich ass, an de Kapp dovun ass flaach, an ass och véiereckeg mat enger Säitelängt vun 2,5 Zentimeter.

E Stéck Kéis an der normaler Doséierung weit 250 Gramm. Et gëtt awer och méi kleng Stécker vun 150 Gramm. D'Kante vun der Pyramid sinn net ofgerënnt a se si ganz gläichméisseg. De Kéis huet eng dënn Kuuscht, déi mat engem wäisse Schimmel iwwerzunn ass, mat blozege Flecken dran.

Den Territoire vun der AOC verdeelt sech iwwer 22 Gemengen am Arrondissemnet Le Blanc am ëstlechen Deel vum Berry, matzen am Parc naturel régional de la Brenne. Et ass a Frankräich déi klengst Géigend déi eng AOC fir Geessekéis huet, mä et ass déi Eelst an där Geessenzichterei bedriwwe gëtt.

Si nennt sech och nach d'Land vun den dausend Weieren, a läit an der Velängerung vun der Champagne berrichonne. Op de grousse flaache Fläche fënnt ee Bëscher an Heeden déi un Ausleefer vu Koppen aus Sandstee stoussen.

Déi arem Biedem, déi kee grousse landwirtschaftleche Rendement hunn, an déi speziell Planzewelt aus dëser Géigend, wou Gewierzplanze wuessen an Eechebëscher stinn, wou een op Schratt an Tratt däereg Hecke fënnt, a wou just de Lisär an de Kazekléi nach eenegermoosse wuessen, huet et mat sech bruecht datt d'Leit aus der Géigend haaptsächlech Geesse gehalen hunn. Den dréchenen a waarme Mikroklima huet en Afloss drop, datt zanter Joerhonnerten do Geessekéis produzéiert gëtt.

D'Fabrikatioun vum Kéis änneren

De Kéis gëtt aus Mëllech vun zwou Geesserasse gemaach, an zwar d'Rass Saanen a Poitevine, déi allen zwou Alperasse sinn.

Duerch Zousaz vu Geesselab fänkt de Kéis un déck ze ginn, an a muss mindestens 18 Stonnen andécksen. Well e lues déck gëtt, kritt een eng ganz gläichméisseg a fest Brach, déi wichteg ass fir eng gutt Qualitéit erauszekréien.

Déi fest Brach gëtt da virsiichteg mat engem grousse Läffel a Mulle geschäfft, woubäi opgepasst gëtt, datt se sou wéi wéineg wéi méiglech brécht. An de Mulle gëtt en op d'mannst 24 Stonnen ofdrëpse gelooss.

Wann en aus de Mullen eraus ass gëtt e vun all Säit gesalzt an dann 3 Deeg dréchne gelooss. Duerno kënnt en an den Hâloir, wou e sech ausschweesse kann an zeideg gëtt. Dat dauert eng gutt Woch.

E gudde Pouligny soll follgend Qualitéiten hunn:

  • D'Kuuscht muss réng sinn mat blozege Flecke dran, an d'Faarf ass e liichte Blanc-cassé bis elfebeefaarweg.
  • Wann een en tëscht de Fangeren dréckt muss e fest bleiwen awer sech liicht zesummedrécke loossen.
  • En däerf nëmme ganz liicht no Geessekéis richen.
  • De Goût ka liicht variéiren jeenodeems a wat fir engem Eck vum Terroir e gemaach gouf.

D'Varitétéit vum Goût, déi grouss ass, bréngt et mat sech dat e bei ville Leit beléift ass.

Sou huet e jonke Kéis en duusse Goût dee ganz gutt an Zaloten oder op Toaste verschafft ka ginn.

Wann e méi al ass, dat heescht wa seng Kuuscht ufänkt blozeg Flecken ze kréien, ass e fir e Gomm gemaach, dee gär e liichten Nossgoût huet an deen och léiwer méi e staarke Kéis huet.

Wann e richteg blo ass, ass et eng Saach fir Spezialiste vu schaarfe Kéiser.

Beim Kéis soll een dréchene wäisse Wäi gedronk ginn, am léiften een aus dem Cher oder vun der Loire. A Fro kommen do de Rieully, de Quincy, oder de Menetou-Salon. Ee Sancerre oder ee Sauvignon aus der Touraine oder aus dem Berry maachen d'Saach och.